|
Branchen De Group Eis Amicallen Kontaktadress: Sonja Liesch-Hosch Chalet "Hondsbësch" Nidderkuer 175, av de la Liberté eise Konto: CCRA IBAN LU35 0090 0000 5664 0097 |
Main /
LGS Déifferdang Group Ste. BarbeMoien ob der Internetsäit vun den Déifferdanger Guiden a Scouten dem Group Ste. Barbe. pour voir le texte en français, cliquer sur fr!
![]() Theater 2017Eis Amicale "De Maulkuerf" spillt Samsdes den 22.an den 29.Abrëll um 19h, Sonndes den 23. an 30. Abrëll 2017 um 18h am Festsall zu Lasauvage den 3-Akter "Natur Pur" Di 2 Samsdeger spillen eis Guiden a Scouten och am Virprogram. weider Informatiounen an Reservatioun hei ...
Generalversammlung 2017Freideg, den 17. März am Chalet Hondsbësch. Hei ass den ordre du jour
Chalet HondsbëschFir Detailer zum Chalet oder Locatioun klickt hei Der kënnt och uruffen um Tel 621491953 (falls keen ereechbar ass, scheckt eng SMS mam Datum an enger email fir de Kontrakt ze schecken) Wéini dass scho reservéiert respectiv nach fräi ass gesitt der hei
Scoutsjoer 2016/2017Informatiounen zu den eenzelne Branchen fann Dir ob hierer Seit déi der iwert de Logo am Menu errecht. Hei just den Iwwerbléckt vun den Versammlungszäiten
ERWUESSENER sinn als Chef an/oder Mataarbechter wëllkomm. Di reglemässeg Versammlungen sinn normalerweis am Chalet "Hondsbësch" zu Nidderkuer - 175, av de la Liberté (hannert dem Monument vun de Refractairen). Fir secher ze sinn, kuckt virdrun um !! AktivitéitskalennerD'Branchenaktivitéiten fann Dir am Kalenner ob der Seit vun der jeweileger Branche. « März 2017 · September 2017 »
![]()
Raklette-Owend 2016Freides den 14. a Samsdeg den 15.Oktober 2016 ass eise Raklette-Owend nees zu Niederkuer am Home St Joseph an der rue Paul Eyschen. Präis Fir Erwuessen Persounen ab 16Joer kascht dat ganzt 22€ (ouni d'Gedrénks)
Fir Kanner a Jugendlech bis 15 Joer hunn mer folgend Formule: 1€/Joer vum Kand.
Generalversammlung 2016Freideg, den 4. März am Chalet Hondsbësch. Hei ass den ordre du jour
Theater 2016Eis Amicale "De Maulkuerf" spillt Samsdes den 12.März um 19h, Sonndes den 13. an 20. März 2016um 18h am Festsall zu Lasauvage den 3-Akter "14 Deeg Luxus". E Samsdeg 12.März spillen eis Guiden a Scouten och am Virprogram. weider Informatiounen an Reservatioun hei ...
Buergbrennen 2016
18.00h : Rendez-vous virun der Gemeng fir e reliéise Moment dono: Fakelzuch de Metzkimmert erop mat besënnleche Statiounen ënnerwee géint 19.00h: Ufänken vun der Buerg Hei geet et bei d' Invitatioun
ADVENT 2015Fir d'Fotoen ze kucken an ze bestellen, klickt hei
Raklette-Owend 2015Freides den 13. a Samsdeg den 14.November ass eise Raklette-Owend nees zu Niederkuer am Home St Joseph an der rue Paul Eyschen. Präis Fir Erwuessen Persounen ab 16Joer kascht dat ganzt 22€ (ouni d'Gedrénks)
Fir Kanner a Jugendlech bis 15 Joer hunn mer folgend Formule: 1€/Joer vum Kand.
Beispill: een Kannt dat 10 Joer al ass bezilt 10€, ee Jugendlechen vun 15 Joer bezilt der eben 15€. Ab 16 Joer kascht et 22€
CHALETSFEST : Sondes den 13.September 2015ab 11.30h: Aperitif – Gegrills , Zaloten- a Dessertsbuffet.
Bréngt är ganz Famill, Frënn a Bekannte mat!
Buergbrennen 2015
18.00h : Rendez-vous virun der Gemeng fir e reliéise Moment dono: Fakelzuch de Metzkimmert erop mat besënnleche Statiounen ënnerwee géint 19.00h: Ufänken vun der Buerg Hei geet et bei d' Invitatioun Δ
Generalversammlung 2015Freideg, den 13. März am Chalet Hondsbësch. Hei ass den ordre du jour Δ
Raklette-Owend 2014Freides den 7. a Samsdeg den 8.November ass eise Raklette-Owend nees zu Niederkuer am Home St Joseph an der rue Paul Eyschen. Präis Fir Erwuessen Persounen ab 16Joer kascht dat ganzt 22€ (ouni d'Gedrénks)
Fir Kanner a Jugendlech bis 15 Joer hunn mer folgend Formule: 1€/Joer vum Kand.
Beispill: een Kannt dat 10 Joer al ass bezilt 10€, ee Jugendlechen vun 15 Joer bezilt der eben 15€. Ab 16 Joer kascht et 22€
CHALETSFEST : Sondes den 14.September 2014ab 11.30h: Aperitif – Gegrills a Mëttegiessen – Visit vum Chalet - Informatioun iwwert den Grupp Ste. Barbe Déifferdang - Fotoen vun de Summercampen - ... 14h-17h: Spiller fir Kanner a Jugendlech vun 6-16 Joer ZB. Cajotklammen / Afebreck / Intefëschen / ... a villes méi Eis Adress: 175, av de la Liberté zu Nidderkuer, beim Monument vun de Réfractairen aus dem Hondsbësch. Bréngt är ganz Famill, Frënn a Bekannte mat! Summercampen
Avexcamp:23/07 – 02/08 zu Leudelange Sonndes, de 27. Juli ass vu 14 bis 18 Auer Kiermes um Sabanqar, dem nationale Camp fir all Avex. zu Leudelange-Gare. Wat genau um Programm steet, wei der dohin kommt... fann der hei: Invitatioun Mir freeën eis op äre Besuch Hei kënnt der Fotoen kucken: sabanqar
Camp CaraPioVolldampf zu Stuttgart: 05/08-15/08 méi Informatiounen hei an och op fr SMS vum 06/08/2014: Mir si gut ukomm. Hu schon eis 1.Nuecht an der Jurte geschlof. Et war verschidde Leit kal. Ech denken et war 5°C. GSc hei kënnt der Fotoen kucken Volldampffotos Besuchsdag 10/08 Si hun den Hijke gut iwwerstan an et geet hinnen all gut! Den 10/8 Owes sinn se all evakuéiert ginn an hun d'Nuecht an Schoulen verbruecht, well hefteg Stierm gemellt waren. Haut sinn se nees all ouni Zweschefäll zreck an de Program geet weider.
Biber-/Wëllefcamp:6/09 – 9/9 zu Diddeleng
Generalversammlung 2014Freideg, den 21. März am Chalet Hondsbësch. Hei ass den ordre du jour ADVENT 2013D'Muermeldéier hun fir dest Joer färdeg geschafft a ginn elo an de "Summer"schlof. Mer hun och schon alles verkaft, wat mer produzéiert haten. Mer soen all eise Clienten villmols Merci a wënschen Iech schéi Feierdeeg an e glecklecht neit Joer. Wann der är Saachen nach wëllt bezuelen, da kënnt der dat maachen um Konto CCRA IBAN LU35 0090 0000 5664 0097
Raklette-Owend 2013Freides den 8. a Samsdeg den 9.November ass eise Raklette-Owend nees zu Niederkuer am Home St Joseph an der rue Paul Eyschen. Präis Fir Erwuessen Persounen kascht dat ganzt 20€ (ouni d'Gedrénks)
Fir Kanner a Jugendlech hunn mer folgend Formule: 1€/Joer vum Kannt woubäi een Gedrénks gratis ass.
Beispill: een Kannt dat 10 Joer al ass bezilt 10€, ee Jugendlechen vun 16 Joer bezilt der eben 16€ an een vun 18 Joer 18€. Ab 19 Joer kascht et 20€
Fir weider Info: klick hei ...
CHALETSFEST : Sondes den 15.September 2013ab 11.30h: Aperitif – Gegrills a Mëttegiessen – Visit vum Chalet - Informatioun iwwert den Grupp Ste. Barbe Déifferdang ... 14h-17h: Spiller fir Kanner a Jugendlech vun 6-16 Joer Eis Adress: 175, av de la Liberté zu Nidderkuer, beim Monument vun de Réfractairen aus dem Hondsbësch. Bréngt är ganz Famill, Frënn a Bekannte mat! Mer brauchen nach vill Suen fir de Kaf ze finanzéieren,dofier maachen mer Iech nach emol opmierksam op d'Aktioun „Sponsor eis e Metercarré“. Fir 33€/m2 kennt der Iech um Finanzement vum neie Chalet bedeelegen. Well mir dës Sammelaktioun zesumme mat der „Fondatioun LGS am Déngscht vun de Jonken“ organiséieren, kënnen all d’Don'e vun de Steieren ofgesat ginn. CCPLLULL LU44 1111 2333 0015 0000 BILLLULL LU95 0025 1738 1154 8100 mam Vermierk: „Don Chalet Déifferdéng - Virnumm Numm“ Weider Informatiounen fannt der ënnert der Rubrik FDGS Mer giffen eis och freen, wann der och un eis denkt, wann der am Kader vun enger Famillgenfeier oder engem Stierffall ëm en Don frot.
SummercampenD'CaraPio si gut an England um nationale Camp UK'an ukomm. Di aner Branchen fueren réischt am September.
Eis Generalversammlung ass Freides, den 15. März 2013 um 19.30 Auer am "Chalet Hondsbësch" zu Nidderkuer - 175, av de la Liberté Hei geet et bei d' Invitatioun
18.00h : Rendez-vous virun der Gemeng fir e reliéise Moment dono: Fakelzuch de Metzkimmert erop mat besënnleche Statiounen ënnerwee géint 19.00h: Ufänken vun der Buerg Hei geet et bei d' Invitatioun
ADVENT 2012Et ass schon nees färdeg. Mer hun nach 3 Kränz: e bordeau-rouden an e crème an de Solden fir 25€ an e mat gringen Kerze vun verschidden Héichten fir 18€. Wann der interesséiert sitt, meld iech beim Sonja 691588011 Raklette-Owend 2012Freides den 19. a Samsdeg den 20.Oktober ass eise Raklette-Owend nees zu Niederkuer am Home St Joseph an der rue Paul Eyschen.
CHALETSFEST : Sondes den 16.September 2012ab 11.30h: Aperitif – Gegrills a Mëttegiessen – Visit vum Chalet - Informatioun iwwert den Grupp Ste. Barbe Déifferdang ... 14h-17h: Spiller fir Kanner a Jugendlech vun 6-16 Joer Eis Adress: 175, av de la Liberté zu Nidderkuer, beim Monument vun de Réfractairen aus dem Hondsbësch. Bréngt är ganz Famill, Frënn a Bekannte mat! Mer brauchen nach vill Suen fir de Kaf ze finanzéieren,dofier maachen mer Iech nach emol opmierksam op d'Aktioun „Sponsor eis e Metercarré“. Fir 33€/m2 kennt der Iech um Finanzement vum neie Chalet bedeelegen. Well mir dës Sammelaktioun zesumme mat der „Fondatioun LGS am Déngscht vun de Jonken“ organiséieren, kënnen all d’Don'e vun de Steieren ofgesat ginn. CCPLLULL LU44 1111 2333 0015 0000 BILLLULL LU95 0025 1738 1154 8100 mam Vermierk: „Don Chalet Déifferdéng - Virnumm Numm“ Weider Informatiounen fannt der ënnert der Rubrik FDGS Mer giffen eis och freen, wann der och un eis denkt, wann der am Kader vun enger Famillgenfeier oder engem Stierffall ëm en Don frot.
SummercampenSonndeg, 15/07:
D' CaraPio si gut zu Nocrich an Roumänien ukomm.
Télévie 2012
|