Mer hun d'Modellen vun de Kränz all färdeg, d'Bastelkëschte si gepakt. Lo maache mer nach Modeller vun den Dierkränz an Arrangementer an Putsche gi gedréint.
An hei di aktuell Tabell: wéini schaffe mer
„Patrullen“ heeschen di kleng Eenheete vu Kanner, déi zesumme gehéieren fir hiert Guiden- a Scoutsliewen ze meeschteren. Selbstverständlech droe si een Numm a wëllen esou sinn a ginn, wéi dee Personnage oder dat Déier, waat si sech als Numm ausgewielt hunn: fir di aner do sinn, wéi d’Mutter Theresa; staark wéi ee Bier; weis wéi eng Eil; luusseg wéi ee Fuuss; wudderen wéi ee Muermeldéier. Den Déifferdenger Muermeldéier hir Gebuertsstonn läit scho méi wéi 30 Joer zréck. Fir d’Truppekees opzefëlle, war d’Iddi opkomm, fir Adventskränz ze bastelen an de GuisBa (Guide-Bazar) op d’Féiss ze stellen. Mee wéi sollt dat goen, ouni d'Hëllef vun Elteren an Frënn? Esou gong et un; an et huet net méi opgehal. Mee, eng Medaill krut keen, dofir awer eng Päif: d'„Muermeldéiere“ sollte jo päife kënnen, wéi déi aus de Bierger.
Wann d’Chefequipe Signaler erausschéckt, da vibréiert et an de fläissege Muermeldéier hieren Haiser. Si récken un: hëllefe Fester a Bazaren z'organiséieren, ee Weekend mat de Kanner ze meeschteren, Theater anzeprouwen, Kulissen z'entwerfen an opzeriichten, e Camp opzebauen, ee Ralley ze plangen an am Bësch Dännesträiss zesummenzerafen,... Fir d'Adventszäit gi si nach méi wibbeleg: d’Adventskränz mussen gerëscht ginn. Keng Stonn ass hinnen ze fréi oder ze spéit. Vill verschidde Muermeldéier hunn d’Guiden an d'Scouten an all deene Joere begleed. Si wëssen, si hu sech an den Déngscht vun enger gudder Saach gestallt. Duerfir si si mat Freed och di nächste Kéier erëm dobäi. Esou kann de Benevolat och fir si eng Beräicherung ginn, an d’Déifferdenger Guiden a Scoute soen hinne Merci fir hiert Engagement.

D'Kontaktpersoun ass d'Nelly Ewerling: 38 06 26
Den 26.Januar 2007 hun d'Muermeldéier sech getraff, fir de Bilan vun den Adventskränz 2006 ze maachen an e gemittlechen Owend bei enger gudder Raclette ze verbrengen. D'CaraPio an d'RaRo hun fir de Kéis an d'Gromperen gesuergt an och nach bei der Spull gehollef! MERCI!
